Craft your balance #1 - Fir ee bessert Handwierk

Show notes

D'Chambre des Métiers huet sech am Kader vu hirer Campagne Make. Shape. Create. eng Approche a 5 Pilieren ausgeduecht, fir d'Saachen, déi een negativen Impakt op d'Aarbecht vun den Handwierker*innen hunn, ze reduzéieren, an esou d'Sécherheet an d'Wuelbefannen ze steigeren. Mee wéi soll dës Approche genee funktionéieren a wéi eng sinn dës 5 Sailen?

De Gilles Walers ass an der Chambre des Métiers zoustänneg fir alles, wat zu de Beräicher Soziales, Aarbecht a Formatioun gehéiert. Am éischten Episod zielt hien eis, wéi et zu dëser Approche komm ass, a wéi si dës an de Betriber wëllen integréieren. D'Clémentine Venck, Directrice vu Cocottes, an de Carl Werner, Gerant vu Coplaning, hunn an hiren Aktivitéite scho vill Moossnamen ënnerholl, fir d'Wuelbefannen an d'Sécherheet vun hire Mataarbechterinnen ze garantéieren. Si erkläre wisou dat wichteg ass – esouwuel fir d'Mataarbechterinnen, wéi och fir d'Entreprise selwer.

New comment

Your name or nickname, will be shown publicly
At least 10 characters long
By submitting your comment you agree that the content of the field "Name or nickname" will be stored and shown publicly next to your comment. Using your real name is optional.